Pool of Trainers Jugendrot/CGJL

Hmmmm…a wat ass dann dee faméise PoT ??? Hei kanns du méi gewuer ginn 🙂

UEWEN LOOSSEN
FAQ - Eng Fro, eng Äntwert!

Wat ass de Pool of Trainers (PoT) ?

De PoT vum Jugendrot ass e Grupp vu Jonker, déi am Kader vu Formatiounen, Workshoppen a Konferenzen moderéieren an animéieren. Sie sollen eng Ressource fir de Jugendrot a seng Membere sinn, an se bei verschiddene Projet’en a Missiounen ënnerstëtzen.

Wat ass d’Missioun vum Pool of Trainers?

De PoT soll e Pool vu jonke Professionelle an eng wichteg Ressource fir de Jugendrot a seng Membere sinn. Dem PoT seng Missioun ass dobäi ganz villfälteg, hien soll:

  • Dem Jugendrot a senge Memberorganisatiounen e Pool vu jonke Professionelle bidden fir hir edukativ Projeten.
  • Ons Memberorganisatiounen ënnerstëtzen a stäerken, d’Expertise vum Jugendrot assuréieren, edukativ Projet’en begleeden an e Support an deem Beräich offréieren.
  • Formatiounen fir de Jugendrot a seng Memberorganisatiounen duerchféieren.
  • De Jugendrot als Acteur an der non-formaler Bildung ze stäerken a méi visibel maachen.
  • Non-formal Bildung zu Lëtzebuerg weider promovéieren.
  • Jonken eng Plattform bidden, fir Kompetenzen auszebauen, nei Léierméiglechkeeten schafen an d‘Efforten an d’Aarbecht vun de Jonken unerkennen.

Wien kann sech do mellen?

  • Tëscht 16 a 34 Joer al sinn (mir maachen awer och Ausnamen);
  • Loscht hunn, en neie Challenge ze akzeptéieren an eis bei deem heite Projet ze ënnerstëtzen;
  • Vun enger Memberorganisatioun vum Jugendrot nominéiert sinn (et muss een NET do am Comité sinn, d.h. Member sinn geet schonn duer);
  • Bereet sinn, 1 bis 5 Deeg am Joer fir de Jugendrot ze schaffen;
  • Erfarung als Formateur ass e Plus, mee kee Muss;

U sech jiddereen dee Loscht a Freed huet un der Animatioun, ob mat oder ouni Erfarung. Mir versichen en diverse PoT ze gestalten, an dat esouwuel wat d’Erfarunge vu de Leit ugeet, mee och mat Jonker aus verschiddenen Organisatiounen a Background, verschiddenen Expertisen, Approchen, etc.

Ech si StudentIn a wunnen am Ausland. Dierf ech beim PoT matmaachen?

Natierlech! Ob’s du elo zu Lëtzebuerg wunns oder net, ass egal. D’Aktivitéite vum PoT fannen alleguer zu Lëtzebuerg statt an mir hoffen datt’s du dann kanns dobäi sinn. N.b: de PoT vum Jugendrot iwwerhëllt keng Käschten fir däi Wee vun an op Lëtzebuerg.

Muss ech schonn alles kënnen a vun Ufank un eleng maachen?

Nee! De Jugendrot offréiert Formatioune fir d’Membere vum PoT. De PoT soll och eng Opportunitéit si fir sech weider ze entweckelen, ze léieren an nei Erfarungen ze sammelen. De Pot gëtt encadréiert vun engem Coordinateur a vum Jugendrot, an d’Membere vum PoT sollen sech och ënnerteneen ënnerstëtzen. Et soll also och eng Zort Learning Community si fir jiddereen am PoT.

Wéi vill Zäit muss ech mech engagéieren?

Däin Engagement ass ëmmer u Missioune gebonne fir déi’s du dech gemellt hues. Fir all Projet gëtt en Appell gemailt an doropshi kanns du entscheeden ob de Projet dir eppes seet an ob’s du disponibel bass. D’Mandat am PoT ass fir 1 Joer a kann dono erëm erneiert ginn.

Ginn ech fir meng Aarbecht bezuelt?

Jo. All Member vum PoT kritt e Freelance Kontrakt wou all d’Modalitéiten an d’Rémuneratioun drastinn.

Kréien ech dann och sëcher eng Missioun an deem Joer wou ech am PoT dobäi sinn?

Jo. De Jugendrot engagéiert sech fir dat all Member vum PoT min. 1 Missioun kritt.

Flott, mee wat kann ech mer konkret dorënner virstellen?

De Jugendrot huet selwer schonn eng Hellewull u Méiglechkeeten, hei e puer aktuell Beispiller, wou’s du kéins matmaachen. Nët vergiessen, du mells dech just fir déi Saachen wou’s du Zäit a Loscht hues:

  • Jugendkonvent: Beim Jugendkonvent en Atelier (mat) moderéieren/facilitéieren, Zesummefaassunge vun de Fuerderungen opstellen.
  • Rallye Citoyen: Un enger oder e puer Editioune vum Rallye matschaffen.
  • Jugendparlament: Moderatioun/Facilitatioun/Ënnerstëtzung bei de grousse Momenter wéi z.B. d’Plénière vun der Rentrée, de Weekend Jugendparlament oder d’Schluss-Plénière virun der grousser Vakanz.
  • Jugend-Dialog: Emfroen, e Fokusgrupp oder aner Austauschmomenter am Kader vun de Konsultatiounen vum Dialog.
  • Journées Jugendrot/CGJL: En Atelier begleeden an facilitéieren.
  • CNEL: Bei der “Journée des Comités des Elèves” en Dësch, um Weekend CNEL en Aarbechtsgrupp facilitéieren an Teambuilding-Aktivitéiten maachen.
  • asw.

Nach aner Froen?

Da schreif ons op pot@jugendrot.lu!

Loscht op de PoT? Yay! Mell dech HEI un!

Not what you are looking for?

Contact us!

15 + 11 =

Hei drënner fënns du nach nëtzlech Infos zu eise villen Aktivitéiten!

Rapport d’activités 2022

Statuts (cf. Art. 28 fir de PoT)