Dateschutz

De Jugendrot hëlt de Schutz vun Denge perséinlechen Donnéeë ganz eescht. Mir behandelen Deng persounebezunnen Donnéeë vertraulech an halen eis un déi gesetzlechen Dateschutzrichtlinnen, souwéi och un dës Dateschutzerklärung.
D’Benotze vun eiser Websäit ass am Normalfall ouni Angabe vu persounebezunnen Donnéeë méiglech. Iwwerall wou op eiser Säit persounebezunnen Donnéeën (wéi zum Beispill Numm, Adress oder E-Mail-Adress) gefuerdert ginn, geschitt dat, souwäit wéi méiglech, ëmmer op fräiwëlleger Basis. Dës Donnéeë ginn ouni Deng ausdrécklech Zoustëmmung oder ouni kloer Kennzeechnung net un Drëtter weider ginn.
Mir weisen dorop hin, dass d’Dateniwwerdroung am Internet (z.B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) Sécherheetsproblemer opweise kann. Ee vollstännege Schutz vun den Donnéeë géigeniwwer dem Zougrëff vun Drëtten ass dowéinst net méiglech.

SSL-Verschlësselung

Eis Säit benotzt aus Sécherheetsgrënn a fir de Schutz vun der Iwwerdroung vu vertraulechen Inhalter (wei zum Beispill Ufroen an Umeldungen, déi’s Du un eis schécks) eng SSL-Verschlësselung. Eng verschlësselt Verbindung erkenns Du dorun, dass an der Adresszeil vum Browser vun “http://” op “https://” gewiesselt gëtt an un dem Schlass-Symbol an der Adresszeil.
Wann d’SSL Verschlësselung aktivéiert ass, kënnen d’Donnéeën, déi’s Du un eis iwwermëttels, net vun Drëtte matgelies ginn.

Cookien

Eis Internetsäit verwent Deelweis sou genannte Cookien. Cookie riichten op Dengem Computer (bzw Smartphone, Tablett, etc) kee Schued un an enthale keng Viren. Cookien dengen nëmmen dozou, eis Websäit mei benotzerfrëndlech, effektiv a secher ze maachen. Cookie si kleng Textdateien, déi op Dengem Computer (bzw Smartphone, Tablett, etc) ofgeluecht ginn an déi Däin Browser späichert.
Déi meeschte vun onse Cookie sinn sou genannten “Session-Cookies”. Si ginn no dem Besuch op eiser Websäit automatesch erëm geläscht. Aner Cookie bleiwen awer op Dengem Gerät gespäichert, bis Du se erëm läschs. Dës Cookien erméiglechen et eis, Däin Browser beim nächste Besuch erëmzëerkennen.
Du kanns däi Browser sou astellen, dass Du iwwert d’Späichere vu Cookien informéiert gëss, Cookien nëmmen am Eenzelfall erlaben, Cookie fir bestëmmt Fäll erlaben oder generell ofleene wei och aktivéieren, dass Cookien no dem Neistarten vum Browser automatesch geläscht ginn. Beim Desaktivéiere vun de Cookie kann d’Funktionalitéit vun dëser Säit allerdéngs ageschränkt sinn.

Server-Log-Files

Mir späicheren automatesch Informatiounen an sou genannten “Server-Log-Files”, déi Däin Browser automatesch un eis schéckt. Dëst sinn:

  • Browsertyp a Browserversioun,
  • Däin Betribsystem,
  • Referrer URL (wou hues du eise Link fonnt an ugeklickt)
  • den Hostnumm vun dengem Computer (bzw Smartphone, Tablett, etc)
  • Auerzäit vun denger Serverufro

Dës Informatioune sinn net bestëmmte Persounen zouuerdenbar. Mir wäerten dës Informatiounen och net mat aneren Informatiounen op. Mir behalen eis vir, dës Donnéeën nodréiglech ze préiwen, wann eis konkret Unhaltspunkte fir eng illegal Notzung bekannt ginn.

Kontaktformulaire

Wanns Du eis oder ee vun eise Cerclë mat Hëllef vun engem Kontaktformulaire kontaktéiers, wäerte mir Deng Angaben aus dem Kontaktformulaire mat den Informatiounen déi’s Du do uginn hues fir d’Beaarbechtung vun denger Ufro a fir de Fall vu Réckfroe bei eis späicheren. Deng Ufro gëtt per E-Mail (kuck Dateschutz Ofsaz 3) un déi zoustänneg Persoune weider geleet. Mir ginn deng Informatiounen net ouni deng Zoustëmmung un Drëtter weider.

Newsletterdaten

Wann’s Du op eiser Säit den Newsletter abonnéiers, späichere mir ausschliisslech déi E-Mail-Adress déi’s du uginn hues, zesumme mat der aktueller Zäit. Weider Donnéeë ginn hei net gespäichert. Mir benotzen dës Donnéeën ausschliisslech fir ee reegelméissegt Schécke vun eisem Newsletter. Dës Donnéeë ginn net un Drëtter weider ginn.
Du kanns dech zu all Moment erëm vun eisem Newsletter ofmellen andeems du op eiser Startsäit ganz ënnen deng E-Mail-Adress agëss an “Ausdroen” auswiels. Nodeem’s Du dee Formulaire ofgeschreckt hues, gëtt deng E-Mail Adress automatesch aus eisem Newsletter geläscht.

E-Mail Versand

All E-Mail déi iwwert eis Websäit geschéckt gëtt (sief et Newsletter, Umeldebestätegung oder accountbezunnen E-Maile wei Passwuert Reset oder Account Aktivatioun), gëtt iwwert d’Sendgrid Schnëttstell un eis, eis Cerclen, Dech oder den ausgewielten Destinatär geschéckt. Provider ass d’Sendgrid Inc. 1801 California Street Suite 500, CO 80202, USA. Mir schécke genau déi Informatiounen un Sendgrid, déi fir de Versand vun der E-Mail gebraucht ginn. Dëst sinn E-Mail Adress vum Destinatär, Titel an Inhalt vun der E-Mail.

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat persounebezunnen Donnéeë bei Sendgrid fënns Du an der Dateschutzerklärung vu Sendgrid: https://sendgrid.com/policies/email/

Google Analytics

Mir benotze Funktioune vum Analysedengscht Google Analytics. Provider ass d’Google Inc., 1600 Amphitheatre Parkway Mountain View, CA 94043, USA.
Google Analytics benotzt déi schon am Kapitel “Cookien” beschriwwe Cookie fir eng Analyse vun der Benotzung vun eiser Websäit ze erméiglechen. Déi duerch d’Cookien erstallten Informatiounen iwwert Deng Benotzung ginn an der Reegel un ee Server vu Google an den USA geschéckt, do gespäichert an ausgewäert.

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat persounebezunnen Donnéeë bei Google Analytics fënns Du an der Dateschutzerklärung vu Google: https://support.google.com/analytics/answer/6004245?hl=de

Browser Plugin

Du kanns d’Späichere vu Cookien duerch eng entspriechen Astellung vum Browser verhënneren; mir weisen allerdéngs dorobber hin, dass Du an dësem Fall net méi onbedéngt all Funktioune vun eiser Websäit am vollen Ëmfang benotze kanns. Alternativ kanns Du d’Späichere vun engem Cookie vu Google an domadder och d’Späichere vu persounebezunnen Donnéeë bei Google verhënneren, andeem’s Du Dir de folgende Plugin erofluets, installéiers an aktivéiers: https://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de.

Demografesch Mierkmaler

Eis Websäit benotzt d’Funktioun “demografesch Mierkmaler” vu Google Analytics. Doduerch kënne Rapporten erstallt ginn, déi Aussoen zum Alter, Geschlecht oder Interesse vun eise Visiteuren enthalen. Dës Donnéë stamen aus interessenbezunnene Reklamme vu Google, sou wei och aus Besucherdonnéë vun anere Websäiten. Dës Donnéë kënne kenger bestëmmter Persoun zougeuerdent ginn. Du kanns dës Funktioun zu all Zäitpunkt iwwert d'”Anzeigeeinstellungen” an dengem Google Account desaktivéieren.

Dateschutzerklärung fir d’Notzung vu Google Maps

Eis Websäit benotzt de Kartendengscht Google Maps iwwert eng API. Provider vun dëser API ass Google Inc., 1600 Amphitheatre Parkway Mountain View, CA 94043, USA. Fir d’Notzung vun de Funktioune vu Google Maps ass et noutwenneg, Deng IP-Adress ze späicheren. Dës Informatioune ginn an der Reegel un ee Server vu Google an den USA geschéckt an do gespäichert. Mir hunn keen Afloss op d’Dateniwwerdroung an net doriwwer wat Google mat dëser Informatioun mécht.

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat persounebezunnen Donnéeë bei Google fënns Du an der Dateschutzerklärung vu Google: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy/

Dateschutzerklärung fir d’Notzung vu YouTube

Eis Websäit benotzt Plugins vun der vu Google bedriwwen Internetplattform YouTube. Bedreiwer ass YouTube, LLC, 901 Cherry Ave., San Bruno, CA 94066, USA. Wann’s Du eng vun eise mat engem YouTube-Plugin ausgestatte Säit besichs, gëtt eng Verbindung zu engem Server vu YouTube hiergestallt. Dobäi kritt de YouTube-Server matgedeelt, wéi eng vun eise Säiten dass du besicht hues.
Wann’s Du an dengem YouTube-Account ageloggt bass, erméiglechs du YouTube, Däin Surfverhaalen direkt dengem perséinleche Profil zouzeuerdnen. Dëst kanns Du verhënneren, andeems du dech einfach aus dengem YouTube-Account ausloggs.

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat persounebezunnen Donnéeë bei YouTube fënns Du an der Dateschutzerklärung vu YouTube: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy

Recht op Informatioun, Läschen a Spären

Du hues zu all Moment d’Recht op eng gratis Auskonft iwwert Deng gespäichert persounebezunnen Donnéeën, hier Hierkonft, den Empfänger an den Zweck vun der Dateveraarbechtung, sou wei och dem Recht op Korrektur, Spärung oder Läsche vun dësen Donnéeën. Heifir an och fir weider Froen zum Thema “persounebezunnen Donnéeë beim Jugendrot”, kanns Du dech zu all Moment un eis wenden.